Fir ze verdéiwen
- gestemmt um Kongress 2015 Spiritualitéit_bei_den_LGS
- Esou bal déi nei Methode verëffentlecht ass kennt dir hei de link “Spiritualitéit an deenen eenzele Branchen” fannen.
- Iwwerleeungen vun der EAS Spiritualitéit bei den LGS 2021
- Iwwerleeungen vum Aarbechtsgrupp Verspriechen 20190620 AG_Versprieche_bei_den_LGS Suite
- https://www.scout.org/promiseandlaw
- https://www.wagggs.org/en/about-us/our-history/original-promise-and-law/
- http://www.thedump.scoutscan.com/
Verspriechen:
Beim Versprieche geet et dorëms sech Gedanken iwwert säin Engagement ze maachen, souwuel bei de Guiden a Scouten, wéi och an anere Beräicher vum Liewen, mat der Iddi sech laangfristeg dorunner ze halen. D’Verspriechen ass e Moment, deen déi Jonk ëmmer erëm nei erliewe sollen, deen sech als rouden Fuedem duerch all eis Branchen zitt an souwuel Inhaltlech wéi och vum Oflaaf hier dem Alter ugepasst gëtt. Zudeem geet et dorëms Engagement ze weisen, an deem een sech no de Grondsätz vun de Guiden a Scoute riicht. Dëst ass eng wichteg Etapp fir de perséinleche Fortschrëtt vun all Guide a Scout, well d’Verspriechen och agehale gi soll. De Jonke soll e Wee aschloen, dee sengen Idealer entsprécht a soll deen och weiderféiere kënnen.
D‘Versprieche mecht all Guide a Scout haaptsächlech fir sech selwer an ass zu all Moment eng fräiwëlleg a perséinlech Ugeleeënheet. All Guide a Scout soll sech bewosst ginn, wat de perséinleche Wäert vu sengem Verspriechen ass, woubäi de Jonke selwer decidéiert, ob hien et wëll ofleeën a wéini de richtegen Zäitpunkt dofir ass.
Bei de Biber mécht jidderee säi Verspriechen déi éischte Kéier. De Biber soll fir awer emol Zäit kréie fir seng éischt Erfahrungen bei de Guiden/Scouten ze sammelen an alles z´entdecken. Hie soll mierken, dass et wichteg ass mat Freed a Motivatioun bei de Biber matzemaachen, well dëst ee wichtegen Deel vum Verspriechen ausmécht, fir uschléissend säi Verspriechen als Ofschloss vum éischte Guide/Scoutsjoer kënnen ze maachen. Dëst ass een gudden Zäitpunkt, fir fest ze lëen wat fir hie wichteg ass fir an sech dorunner kënnen z´orientéieren fir esou a senger perséinlecher Entwécklung weider ze kommen. De Chef, deen dem Biber dobäi als Begleeder zur Säit steet, spillt bei dësem Schrëtt eng grouss Roll. Fir de Biber ass dëse Moment eppes ganz Neies. Dofir soll de Chef dem Biber dësen Schrëtt op eng altersgerecht Aart a Weis erklären a mam Biber zesumme ze kucken, ob dësen scho bereed ass e Verspriechen ze maachen. Hien soll außerdem fir eng altersgerecht Virbereedung an een ugepasste feierleche Kader suergen. Et soll zesumme gekuckt ginn, dass dëse Moment zu engem besonnegen Zäitpunkt stattfënnt an op all eenzel Biber ofgestëmmt ass. De Chef soll dann och dem Biber dobäi hëllefen d´Inhalter vu sengem Verspriechen an Zukunft aktiv anzehalen. Eng Orientatioun fir d’Chef ass dat offiziellt Guiden a Scoutsverspriechen nom Baden-Powell dat ëmmer baséierend ass op den drai „Duties“ esou wéi och d’Versprieche vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass:
Wëllef
D’Verspriechen ass eng wichteg Etapp am perséinleche Fortschrëtt vun all Scout, a soumat och vum Wëllefchen. Nodeems de Wëllefchen éischt Erfahrungen gesammelt huet a seng Plaz am Ruddel fonnt huet, kann hie säi Verspriechen maachen. Am Verspriechen, an an der Virbereedung dorop, ginn d’Wäerter, déi dem Wëllefchen vermëttelt ginn, konkret ugeschwat, an dem Wëllefchen op eng altersgerecht Art an Weis bewosst gemaach. D’Wëllefcher sollen déi Waerter verstoen an doriwwer nodenken, well nëmmen esou verstinn si och de Sënn an Zweck vum Verspriechen. Dës Wäerter baséieren op d’Guiden a Scoutsverspriechen nom Baden-Powell dat op déi drai “Duties” opbaut esou wéi d’Verstoen an d’Emsëtze vum Guide- a Scoutsgesetz. De Chef ass bei dësem Prozess besonneg wichteg, well d’Verspriechen gutt virbereed soll sinn. De Chef kuckt, dass d’Fest vum Versprieche perséinlech ass:
all Kand kann d’Erfarung maachen am Mëttelpunkt ze stoen an de Grupp soll op all Kand agoen. D’Fest soll och memorabel sinn: D’Feier ass eppes Aussergewéinleches a Flottes a soll dem Wëllefchen an Erënnerung bleiwen an dofir op engem Camp, Weekend oder an enger besonnescher Versammlung richteg gefeiert ginn. De Kader an de Programm si wichteg fir eng Ambiance ze schafen an dozou gehéiert e flotten Dekor, eng aussergewéinlech schéi Plaz, oder e besonnesche Moment vum Dag.
Avex
D’Verspriechen – also sech engagéiere fir bewosst no de Grondsätz vum Guidismus a Scoutismus ze liewen – ass ee bedeitende Schrëtt fir den Avex. Den Avex leet selwer den Zäitpunkt vun sengem Verspriechen fest. Heibäi ass et awer wichteg, dass den Avex als éischt mol Zäit kritt seng nei Branche kenne ze léieren, an Richtung Enn vum éischten Joer, decidéiert hien selwer, ob hien bereed ass säin Verspriechen ze maachen. D’Verspriechen ass eng fräiwëlleg Saach an soumat soll den Avex dëst och just oflëeen, wann hien sech räif dofir spiert. Et soll keen forcéiert ginn fir säin Verspriechen ofzelëeen. Jiddereen, deen et mécht, soll sech dem Wäert vun dësem besonnegen Moment bewosst sinn an och wëssen, wat et heescht eng Entscheedung ze huelen an zu där ze stoen. D`Verspriechen ass ee Prozess bei deem dem Avex bewosst gemaach gëtt, datt vun haut un eng Partie Aspekter a sengem Liewen u Wichtegkeet zouhuele wäerten. Den Avex kritt d’Méiglechkeet an engem feierlechen Kader säin Verspriechen ofzelëeen. D’Verspriechen, wat vum Chef an dem Avex zesummen virbereed gëtt, gëtt vun enger gewëssener Symbolik gedroen. Soumat ass d’Iwwerreechen vum Verspriechensofzeechen bei dëser Feier e ganz wichtegen Moment, deen dem Avex soll weisen, dass elo eng nei Etapp op sengem Wee ugeet, bei där hien d’Ënnerstetzung vun der ganzer Trupp huet. Dofir ass et och wichteg, dass den Avex säin Verspriechen kann a Präsenz vu senger Trupp a sengen Chefs oflëeen. Fir dësen Moment nach méi feierlech ze gestalten an d’Wäerter vum Scoutismus erfierzehierwen, kann den Avex selwer entscheeden fir seng Uniform an säin Foulard mat sengem Foulardsrank vum Start unzedoen. De Fändel dréit och zu engem gewëssener Feierlechkeet bäi an hiewt d’Wichtegkeet vun dësem Moment erfier. Bei der Virbereedung vun dëser Feier spillt de Chef eng wichteg Roll, woubäi den Avex och matschwätze, matbestëmmen an och matgestalten kann fir dësen Moment sou eenzegaarteg wéi méiglech fir hien selwer ze maachen. Den Avex kann och säin perséinlechen Text fir d’Verspriechen schreiwen. D’Roll vum Chef ass et natierlech net nëmmen eng Verspriechensfeier ze organiséieren, mee och d’Avex beim Ëmsetzen vun hirem Verspriechen ze ënnerstëtzen an si heiansdo drun ze erenneren sech längerfristeg un hier Wäerter an Ziler ze haalen.
CaraPio
Ähnlech wéi bei anneren Branchen, leet de CaraPio sai Verspriechen of fir dono een Engagement anzegoen. Nodeems de CaraPio éischt Erfahrungen an der neier Branche gemaach huet, kann hien géint Enn vum éischten Joer selwer d’Entscheedung huelen fir säin Verspriechen ofzeleeën. De CaraPio soll sech dem Sënn vu sengem zukünftlechen Engagement bewosst sinn, dest op individuellem Niveau, op gesellschaftlechen Niveau, an vis-à-vis vu senger Spiritualitéit, esou wéi de B.P. eis et mat den drai “Duties” mat op de Wee gin huet. Andeems de CaraPio säin Verspriechen ofleet, erkennt hien och d’Wäerter vum Guiden- a Scoutsismus un déi durech d’Guiden a Scouts Gesetz verkierpert ginn. Opbauen op der Basis vum LGS Guiden- a Scouts Verspriechen, inspiréiert vun der weltwaiter Verbonneheet vun de Guiden a Scouten iwwert hiert gemeinsamt Verspriechen, schafft de CaraPio säi perséinlechen Verspriechenstext aus, den op den drai “Duties” berout an sech zum d’Guiden a Scoutsgesetz bekennt. Virum Verspriechen huet de CaraPio een oppen Austausch mat engem vu senge Chef, mat dem hien sech iwwert d’Bedeitung vun sengem Verpriechen austauscht. De Kader vun der Verspriechensfeier gëtt esou gewielt an organiséiert, dass d’ Verspriechen e memorabelen Moment fir de CaraPio duerstellt a feierlech ass. Dat perséinlecht Engagement dat aus dem Verspriechen erviirgeet hëllft dem CaraPio säi Wee a seng Richtung am Liewen ze festegen.
Wandrous: Eng bedeitend Etapp vum perséinleche Fortschrëtt vum CaraPio bidd dono awer och d’Wandrous. Des erméiglecht him sech selbstreflektéierent iwwert d’Konsequenzen vu sengem Engagement, dat hiern beim Verspriechen agangen, bewoost ze ginn. Um Enn vun senger CaraPio-Zäit, analyséiert de CaraPio Zait an d’ Engagement dat hien sait dem Ofleen vu sengem Verspriechen verbruecht huet an op hier bescht méiglech nom Guide a Scoutsgesetz gelieft huet. Heirauser zitt hien sain perseinleche Bilan. Dobai därf e net aus den Aan verléieren dass de Jonken sech natirlech och mat der Zäit weiderentwéckelt huet, a Fortschrëtter gemach huet. Doduerch kennen d’Objektiver déi aus sengem Verspriech ervirgangen sinn, entre-temps duerch Neier ersaat gi sinn. Dëst ass am Sënn vum perséinlechen Fortschrëtt wann déi Entweckelung positiver Natur ass. Am symboleschen Kader vun de CaraPio, bedéit d’Wandrous “d’Richtung fanner”, also eng Hellef fir op der “Landkaart” vun Liewen sain eegenen Wee ze fannen. No dëser Reflexioun féiert de CaraPio e perséinlecht Gespréich mat engem Chef. Dëst Gespréich soll dem CaraPio hëllefen erauszefannen op hien sech bereet, a wierdeg, spiert d’ Wandrous iwwerreegt ze kréien, an esou säin Engagement unerkannt ze kréien, a weiderzeféieren.
RaRo
Fir de RaRo huet d’ Scoutsverspriechen eng zousätzlech Dimensioun, déi vun engem perséinlechen “Engagement” dat ausdréckt ewéi hien, no de Grondwäerter vun eiser Beweegung, op sengem selwer bestëmmte Wee liewe wëll an sech als aktive Bierger an d’ Gesellschaft abrénge wëll. Hie mécht sech am Virfeld intensiv Gedanken iwwert déi verschidde Beräicher, déi d’RaRo Methode him, als roude Fuedem zur Hand gëtt a probéiert sech an dëse weider ze entweckelen. Esou kann hien d’Scoutswäerter, fir seng Situatioun ugepasst, zu sengen eegene maachen. Dobäi schätzt analyséiert hien sech och selwer a mécht sech bewosst, wat hie bereet ass ze leeschten, a verflicht sech iwwert d’ Verspriechen, vis-à-vis vu sech selwer, säin Engagement fir de weider Wee bescht méiglech ze erfëllen. Dobäi kann him e Chef, een anere RaRo oder eng Vertrauenspersouns aus de Scouten zur Säit stoen. De RaRo bestëmmt selwer, wéini hie bereet ass, dëst Engagement anzegoen a säin Versprichen bei de RaRo ofzeleen. Hien baséiert sech op dem offizielle LGS Verspriechen, dobäi muss hien dëst mat engem perséinlech Deel ergänzen, oder selwer e néien Text formuléieren. Heibäi vergëss hien net dass e Scoutsverspriechen sech ëmmer op déi dräi “Duties” baséiert, a mam Guiden a Scoutsgesetz am Aklang stoen muss. Seng Engagementsféier mécht hie viru sengem Clan, deene Leit, mat deenen hien d’ Scoutswäerter lieft an erlieft. Esou däerf de RaRo och selwer definéieren, op hie, nieft sengem Clan, nach aner Zeie bei sengem Engagement wëll dobäi hunn. Dat kennen z.B. de Grupp, eng Chefekipp oder aner Scoutskollege sinn. Säi Clan ënnerstëtzt hien duerch e Kader, deen dësem Moment un de RaRo ugepasst ass.
Dem RaRo ass bewosst, dat hie säi Liewe laang ënnerwee ass a sech verännert. Dofir kann hien säin Scoutsverpriechen a sain perséinlecht Engagement no senger RaRo Zäit ëmmer erëm fir sech selwer erneieren, verdéiwen an ausbauen.