Felix :
DVD, Web-DVD Däitschland 2007
Dauer 21’
Sprooch : Däitsch
Branche : Wëllef
Themen : Kommunikatioun – Behënnerung – Frëndschaft – Léift
Zum Inhalt :
De Félix « chattet » säit Woche mam Lena. D’Lena ass dafstomm, a wëll de Félix elo endlech gären treffen, mee de Félix erfënnt ëmmer aner Ausrieden, well hien hat dem Lena virgespillt, hie wier genau esou dafstomm wéi hatt, wat awer net stëmmt. Iwwer Wochen ass hien am gaang d’Gebärdesprooch ze léiere fir dat hien d’Lena treffe kann an sech matt him ënnerhale kann. Ëm Lena geet awer d’Gedold aus an hat kritt d’Gefill, dat de Félix hatt iwwerhaapt net wëll gesinn.
Si treffen sech dann awer, an et kënnt eraus dat de Felix geschwindelt huet. D’Lena ass stenksauer doriwwer, awer de Félix bréngt et fäerdeg sech ze erklären ..
_________________________________________________________________
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
+352 44 743 340