A. Aféierung
Däi Verspriechen ass fräiwëlleg a perséinlech.
Du méchs däi Verspriechen an denger Branchenunitéit (denger Biber-Famill / dengem Ruddel / denger AvEx- oder CaraPioTrupp / dengem RaRo-Clan/ dengem Grupperot), nodeems du op d’mannst e Joer mat hinnen zesumme gelieft hues.
Mat dengem Verspriechen gëss du dir eng Erausfuerderung fir dech weider ze entwéckelen.
Du méchs däi Bescht fir däi Verspriechen ze halen. Deng Chef a Kolleegen, genee wei d’Guiden- a Scoutsgesetz hëllefen dir derbäi.
B. Text vum Verspriechen
Ech verspriechen,
Verantwortung vis-à-vis vu mir,
menge Matmëschen,
a menger Ëmwelt ze iwwerhuelen,
meng perséinlech Spiritualitéit weider ze entwéckelen
a nom Guiden a Scouts Gesetz ze liewen.
Dësen Text berifft sech op déi 3 Duties déi de Baden-Powell fest gesat huet :
- Duty to myself (Relatioun zu mir selwer)
- Duty to others (Relatioun zu deenen aneren/Emwëlt)
- Duty to God (Relatioun zu Gott / zu Eppes wat méi grouss ass wéi ech)
C. Check-Lëscht Verspriechensfeier
Eng Verspriechensfeier soll perséinlech, feierlech, memorabel sinn.
Wou? eng memorabel Plaz (= eng Plaz déi duerch iergendeppes ervirstécht) : eng flott Plaz am Bësch, op enger Biergspëtzt, an enger Kapell, beim Lagerfeier um Camp, eng extra Deko an dengem Home/Chalet, …
Wéivill Zäit?
- Zäit fir dene Jonken en Input ze ginn (Bsp. 1-2 Deeg virun der Feier)
- Zäit wou si selwer iwwert den Inhalt vum Verspriechen nodenken
- Zäit fir déi eigentlech Feier (Bsp. 2 Deeg nom Input)
Wéi? E Kader wou di Jonk sech wuel spieren a sech trauen fir sech zu dësem perséinlechen Thema ze äusseren.
Wichteg ass och eng feierlech Atmosphäre wou e sech gär drun erënnert (Bsp. Uniform / Fändel /Feier oder Fackelen / …). Doduerch soll d’ Verspriechensfeier e memorabelen Moment am Scoutsliewe sinn.
Wat? Veillée, Wuecht, Rallye, … verschidde Forme si méiglech. Eng Verspriechensfeier brauch eng gewësse Struktur : Aleedung (Lidd, Geschicht), Haaptdeel (eigentlecht Verspriechen), Ausklang (e gudde Maufel…) D’Verspriechen selwer soll den Highlight vum Dag sinn.
Wéini? Fréistens no engem Joer an denger Branche: bei enger extra Geleeënheet, wéi um Camp, op enger Sortie, op engem Weekend, …
D. Fäerdeg fir ze gebrauchen ! Prêt à l’emploi ! Ready to use !
- Verspriechensofzeechen ginn et am LGS Shop
- Praktesch Ideeen wei fäerdeg Feieren oder just eenzel Bausteng fennst de hei:






Wann’s du och flott Verspriechensaktiviteiten erlieft hues oder des Aktivitéiten nach weider verfeinert hues zeck net an kontaktéiert eis
E. Fir ze verdéiwen
- gestemmt um Kongress 2015 Spiritualitéit_bei_den_LGS
- Esou bal déi nei Methode verëffentlecht ass kennt dir hei de link “Spiritualitéit an deenen eenzele Branchen” fannen.
- Iwwerleeungen vun der EAS Spiritualitéit bei den LGS 2021
- Iwwerleeungen vum Aarbechtsgrupp Verspriechen 20190620 AG_Versprieche_bei_den_LGS Suite
- https://www.scout.org/promiseandlaw
- https://www.wagggs.org/en/about-us/our-history/original-promise-and-law/
- http://www.thedump.scoutscan.com/