FILM: Entre deux chaises

Entre deux chaises

 

DVD, Web-DVD Frankräich 2010

Dauer : 10’

Sprooch : franséisch matt däitschen Ënnertitel

Branche : CaraPio / RaRo

Themen : Immigratioun, illegal Awanderer, Integratioun

 

Zum Inhalt :

Alldag vum Pierre Duvier, engem franséische Policeinspekter matt afrikanesche Wuerzelen, an engem Paräiser Policebüro. En illegalen Immigrant aus Afrika huet sech kuerz viru senger Verhaftung d’Fangerspëtzen ewechgebrannt. De Pierre soll elo an engem Verhéier seng Identitéit erausfannen. Mee deen anere seet kee Wuert. D’Stëmmung schléit ëm, de Pierre ass genervt a gëtt aggressiv, hie fillt sech zwëschent zwee Still, well en während dem Verhéier mat senger eegener Hierkonft an Identitéit konfrontéiert gëtt.

_____________________________________________________________________

De Film kann een ausléinen:
ErwuesseBildung Asbl
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
+352 44 743 340

info@ewb.lu