Wéi villsäiteg si meng Engagementer?

 

Dës Übung kann dir hëllefen dir bewosst ze ginn, wat deng Engagementer sinn déi s du Dag fir Dag ugees (Famill, Beruff, Schoul, Frënn, Sport, Scouten….), wou s du mat déngen  Engagementer stees, a wou s du villäicht eppes ännere kanns fir an dengem Equiliber ze bleiwen.

 

Du brauchs dofir:

Verschidde faarweg Wollreschter, Schnouer, Ficelle, Fuedem, Kordel vu verschiddenen Déckten

Eng Schéier

Käertercher

 

Wiel fir all Engagement eng aner Woll, Ficelle, Fuedem, jee nodeem wéi s du dat entspriechend Engagement wouer hëls.

Probéier op enger Längt vun 1 Meter duerzestelle wi vill Zäit dass du dir, fir wat hëls, andeems du déi verschidde Fiedem unenee strécks.

 

Reflexioun:

1.Tausch mat aneren aus.

Firwat hues du genau déi Faarwen , vu Woll gewielt.

Wat d’Längte vun de Fiedem betrëfft,  huelen deng Engagementer déi richteg Zäitspan an dengem Liewen an?

Si Kniet an denge Fiedem, wou misst du villäicht an dengen Engagementer dës Kniet léisen??…

Bass du zefridden, mat denger Zäitopdeelung, wann nee, wat wéilt s du änneren?

 

2.Folgend Wäerter aus der Lëscht kennen dir hëllefe bäi der Ëmsetzung vun dengen Engagementer. Schreif déi betreffend Wäerter op Käertercher a fädel se an.

Lëscht Wäerter