Ëmgang mat neien Erausfuerderungen

 

Du stees virun enger neier Erausfuerderung. Dësen Austausch kann dir hëllefe besser weiderzekommen.

Sich dir dat Bild aus wat am beschten op dech passt, an tauscht ënnereneen aus firwat s du dat Bild gewielt hues.

Wat fir en Saz kéint zu dengem Bild passen ?

 

Ech sinn erstaunt, dat ee mir eppes zoutraut!

Ech plange schonn direkt wéi een et maache kéint!

Ech hunn Angscht a wëll fortlafen!

Ech ginn drop lass ouni nozedenken!

Ech si gespaant drop a freeë mech op dat wat op mech duerkënnt!

Ech sinn zu allem bereet !

 

Weider denken, wat kennen nach aner Astellunge sinn déi mech weiderbréngen, resp. wou stinn ech mir selwer am Wee?

 

Wann een dësen Austausch mat Kanner mécht:

Dann kennen d‘Kanner  probéieren d’Sätz bäi d’Biller ze leeën. Wat fir ee Saz passt wuel bäi wat fir eent Bild?

Dann kann een d’Biller kucken, an doriwwer austausche  wat si menge wat déi richteg Astellung wier déi ee misst hunn fir eng Erausfuerderung unzegoen.

Op de Kanner hir Erfarungen agoe wou si scho virun enger Erausfuerderung stoungen a wéi et hinnen dobäi ergaangen ass.