FILM: Die Biberburgenbaumeister

Die Biberburgenbaumeister :

 

DVD Däitschland 1999

Dauer 7’

Sprooch : Däitsch

Branche : Biber

 

Themen : Kommunikatioun – Konflikter – Versöhnung

 

Zum Inhalt :

De Biber Balthasar a säi Jong Ben baue Biberbuergen. De Ben kritt d’Iddi emol eng kéier en Tuerm ze bauen, mee dovu wëll säi Papp näischt wëssen. Heemlech baut de Ben awer en Tuerm . Déi aner Biber sinn all begeeschtert a wëlle just nach Tierm gebaut kréien. De Ben an de Balthasar kréie Sträit a gi schlussendlech getrennte Weeër. Bäi engem Stuerm gëtt ëm Balthasar seng Buerg iwwerschwemmt, an hie kritt sech nach just am Ben sengem Tuerm gerett. Awer och den Tuerm verléiert beim Stuerm seng Spëtzt. Awer zesumme bréngen de Ben an de Balthasar et fäerdeg fir den Tuerm ze retten. Vun elo un bauen si erëm zesummen an zwar Buerge matt engem Tuerm.

____________________________________________________________________

De Film kann een ausléinen:
ErwuesseBildung Asbl
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
+352 44 743 340

info@ewb.lu