Erklärungen

Verspriechen:

Beim Versprieche geet et dorëms sech Gedanken iwwert säin Engagement ze maachen, souwuel bei de Guiden a Scouten, wéi och an anere Beräicher vum Liewen, mat der Iddi sech laangfristeg dorunner ze halen.

LGS Methode zum Verspriechen

 

fräiwëlleg :

Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide/de Scout entscheet selwer, ob hatt/hien derzou bereet ass.

perséinlech :

D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide/Scoutsmethod hëlleft deene Jonken op hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen. D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.

däi Bescht :

All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no sengen eegenen Méiglechkeeten. Hien versprécht als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass . Och beim Verspriechen gelt “learning by doing”, de Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.

Branchenunitéit :

An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwécklungsstand wou hien dann ass:

Biber Methode 
Wëllef Methode
Avex Methode
CaraPio Methode
RaRo Methode

 

Erausfuerderung :

Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll e sech orientéieren un deem, wat e gutt kann. D’Zil ass d’Fro « Wou wëll ech mech weider entwéckelen ? ».

Sech weider entwéckelen :

Eng flott Iddi : wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi « grouss » sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen. Froen : Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn ? Wou muss ech nach u mir Schaffen ?

Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.

Roll vun der Cheféquipe an Guide-/Scoutskollegen  :

D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:

  • eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen,
  • Vertrauen entgéintbruecht kritt,
  • Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e seng Fähegkeete kann entdecken,
  • gutt Frënn fënnt, wou et zu flotten a wichtege Gespréicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op sengem Wee weiderbréngen,
  • e participative Geescht erlieft,
  • Cheftainen a Chef wéi och Kolleegen begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden Powell: ‘ask the boy, the girl’),
  • däerf Feeler maachen a versoen.

D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfält, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awer am Sënn vun wéi kann ech dech ënnerstëtzen fir dass et besser geet, wat fält der schwéier ?

Biber Methode
Wellef Methode
Avex Methode
CaraPio Methode
RaRo Methode

 

———————————————————————————

Guiden- a Scoutsgesetz

Eng Guide / e Scout

  1. as zouverlässeg
  2. as éierlech a fair
  3. as bereet ze hëllefen
  4. as gutt zu all Mënsch
  5. mécht den éischte Schrëtt a setzt sech a fir Gerechtegkeet
  6. respektéiert d’ Liewen an all sénge Formen
  7. kann nolauschteren a Kritik erdroen
  8. huet eng positiv Liewesastellung
  9. ka sech organiséieren a mécht näischt hallef
  10. hält sech kierperlech a geeschteg gesond

Nom Verständnis vun den LGS stinn d‘Reegelen a Gesetzer am Déngscht vun der Fräiheet vum Eenzelen a vun de Gemeinschaften.

Fir de Baden-Powell ass d’Gesetz kee Katalog vu Verbueter, mee eng Orientéierung. Et ass e Kader fir ze progresséieren .

Schlussendlech ass d’Scoutsgesetz e Kader fir dem Jonken ze hëllefen ‘ëmmer bereet’ ze sinn, also geeschteg a kierperlech fit ze si fir aneren nozelauschteren, se z‘ënnerstëtzten an hinnen ze hëllefen, fir dat Bescht aus enger Situatioun ze maachen.

Sech un d’Scoutsgesetz halen ass e Choix. Jidder Jonken lieft et ob seng perséinlech Manéier.

———————————————————————————
B. Text vum Verspriechen

3 Duties vum BP wei se bei WOSM hannerluecht sinn:

 

The Scout Promise and Law: The Scout Movement is based on the following [3] principles:

  1. Duty to self – a person’s responsibility to develop his or her own potential, to the best of that person’s ability.
  2. Duty to others – a person’s relationship with, and responsibility within, society in the broadest sense of the term: his or her family, local community, country and the world at large, as well as respect for others and for the natural world
  3. Duty to God – a person’s relationship with the spiritual values of life, the fundamental belief in a force above mankind.

https://www.scout.org/promiseandlaw

bei eis sinn des :

190628_Flyer-Verspriechen

 

———————————————————–

C. Check-Lëscht Verspriechensfeier

fir dei 3 Elemeter net ze vergiessen kann en desen Raster bei der Virberedung notzen:

RasterFeier.pdf