Verspriechen

A. Aféierung

Däi Verspriechen ass fräiwëlleg a perséinlech.

Du méchs däi Verspriechen an denger Branchenunitéit (denger Biber-Famill / dengem Ruddel / denger AvEx- oder CaraPioTrupp / dengem RaRo-Clan/ dengem Grupperot), nodeems du op d’mannst e Joer mat hinnen zesumme gelieft hues.

Mat dengem Verspriechen gëss du dir eng Erausfuerderung fir dech weider ze entwéckelen.

Du méchs däi Bescht fir däi Verspriechen ze halen. Deng Chef a Kolleegen, genee wei d’Guiden- a Scoutsgesetz hëllefen dir derbäi.

B. Text vum Verspriechen

Ech verspriechen,
Verantwortung vis-à-vis vu mir,
menge Matmëschen,
a menger Ëmwelt ze iwwerhuelen,
meng perséinlech Spiritualitéit weider ze entwéckelen
a nom Guiden a Scouts Gesetz ze liewen.

Dësen Text berifft sech op déi 3 Duties déi de Baden-Powell fest gesat huet :

  1. Duty to myself (Relatioun zu mir selwer)
  2. Duty to others (Relatioun zu deenen aneren/Emwëlt)
  3. Duty to God (Relatioun zu Gott / zu Eppes wat méi grouss ass wéi ech)

 

C. Check-Lëscht Verspriechensfeier

Eng Verspriechensfeier soll perséinlech, feierlech, memorabel sinn.

Wou? eng memorabel Plaz (= eng Plaz déi duerch iergendeppes ervirstécht) : eng flott Plaz am Bësch, op enger Biergspëtzt, an enger Kapell, beim Lagerfeier um Camp, eng extra Deko an dengem Home/Chalet, …

Wéivill Zäit?   

  • Zäit fir dene Jonken en Input ze ginn (Bsp. 1-2 Deeg virun der Feier)
  • Zäit wou si selwer iwwert den Inhalt vum Verspriechen nodenken
  • Zäit fir déi eigentlech Feier (Bsp. 2 Deeg nom Input)

Wéi? E Kader wou di Jonk sech wuel spieren a sech trauen fir sech zu dësem perséinlechen Thema ze äusseren.

Wichteg ass och eng  feierlech Atmosphäre wou e sech gär drun erënnert (Bsp. Uniform / Fändel /Feier oder Fackelen / …). Doduerch soll d’ Verspriechensfeier e memorabelen Moment am Scoutsliewe sinn.

Wat?  Veillée, Wuecht, Rallye, … verschidde Forme si méiglech. Eng Verspriechensfeier brauch eng gewësse Struktur : Aleedung (Lidd, Geschicht), Haaptdeel (eigentlecht Verspriechen), Ausklang (e gudde Maufel…) D’Verspriechen selwer soll den Highlight vum Dag sinn.

Wéini? Fréistens no engem Joer an denger Branche: bei enger extra Geleeënheet, wéi um Camp, op enger Sortie, op engem Weekend, …

D.  Fäerdeg fir ze gebrauchen ! Prêt à l’emploi ! Ready to use !

  • Verspriechensofzeechen ginn et am LGS Shop
  • Praktesch Ideeen wei fäerdeg Feieren oder just eenzel Bausteng fennst de hei:
   

 

Wann’s du och flott Verspriechensaktiviteiten erlieft hues oder des Aktivitéiten nach weider verfeinert hues zeck net an kontaktéiert eis

 

E. Fir ze verdéiwen