Friddensliicht

Kommt a sidd e Samschdeg den 19. Dezember mat derbäi,  a setzt mat ons zesummen en Zeeche vu Fridden. Op 4 verschiddene Verdeelerpunkten uerschter d’Land, kënnt dir wärend enger klenger Zeremonie, d’Friddensliicht entgéint huelen. Bestellt Käerzen an  hëlleft esou  d’Liicht an ären Uertschafte weiderzeverdeelen, an dir  ënnerstëtzt domat onse Partenariat mam Niger.

Sonndes den 13. Dezember huele mir um 18:00Auer d’Friddensliicht zu Schengen beim Europadenkmal vum däitsche Scoutsgrupp vu Perl entgéint.

Iwwert d’Chrëschtdeeg kënnt dir iech e besënnleche Film zum Friddensliicht op folgende Siten ukucken:  cathol.lu a lgs.lu.

Um Site https://spiri.lgs.lu/ideeenkoscht/ fannt dir Iddien fir e branchëspezifesche Rallye zum Thema Fridden.

Formulaire Bestellung FL 2020 (6)